Um Enn vun all Questionnaire, kënnt Dir selwer wiele wéi eis Spend ënnert den Hëllefsorganisatiounen opgedeelt soll ginn:
Questions.lu ass en eenzegaartegt Konzept vun Quest market research.
Eise Sëtz ass zu Lëtzebuerg.
Mir gi vun eise Cliente fir d'Ëmfroe bezuelt.
Vun do huele mir d'Sue fir d’Don'en.
Mir hunn eis entscheet Sue fir humanitär Hëllef ze spenden.
Mir hunn eis op 5 Hëllefsorganisatioune limitéiert, fir wierklech eppes ze bewierken an den administrativen Opwand anzegrenzen.
Dir gitt fir +/- 1-2 Ëmfroe pro Mount invitéiert.
Mir leeë Wäert op kuerz Questionnairë fir d’Qualitéit vun den Äntwerten ze garantéieren.
Et dierft net méi laang dauere wéi 5-6 Minutte fir se ze beäntwerten.
D’Héicht vun eis Donen hänkt dovun of, wéi vill Leit bei der Ëmfro matmaachen.
An der Regel spende mir fir eng Ëmfro bei där 500 Leit matgemaach hunn e Betrag vun 1000 €.
Fir eng Ëmfro mat 600 Participante maache mir en Don vu 1200 €.
Um Enn vun all Questionnaire entscheet Dir selwer wéi eis Spend ënnert den Hëllefsorganisatiounen opgedeelt soll ginn.
Mir wäerten Iech Invitatiounen zu Ëmfroen via E-Mail schécken.
Heiansdo maache mir spezifesch Ëmfroen un deenen zum Beispill just Fraen oder Männer, just jonk oder just berufflech aktiv Leit drun Deel huelen däerfen.
Aus deem Grond brauche mir dës Informatioune.
Dir mellt Iech just mat Ärem Virnumm oder engem Pseudonym un, esou bleift Dir anonym.
D’Äntwerten déi Dir gitt, ginn net mat Ärer E-Mail Adress a Verbindung bruecht.
Mir benotze se just fir statistesch Analysen.
Är E-Mail benotze mir just fir Iech Invitatiounen zu Ëmfroen ze schécken.
All Är Donnéeë ginn op engem gesécherte Server gespäichert.
All Är Äntwerte sinn anonym.
Genee Informatiounen iwwert Är Rechter a wéi Dir se ausübe kënnt fannt Dir an der Rubrik Dateschutz.
Wann Dir weider Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.
Questions.lu / Quest Market Intelligence
98, rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg
Nummer: int352 - 26 48 20 88
E-Mail:
Den Internet-Site www.questions.lu gehéiert der Entreprise Quest S.A. 98, rue de Bonnevoie L-1260 Luxembourg.
D’Entreprise Quest ass responsabel fir den Traitement, de Respekt an de Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën.
Nëmmen déi Informatiounen, déi Dir bei Ärer Aschreiwung uginn hutt (Äre Virnumm oder Pseudonym, Äre Gebuertsdatum, d’Land an d’Gemeng an där Dir wunnt, Är Nationalitéit, d'Sprooch déi Dir am léifsten hutt, Är E-Mail Adress an op der berufflech aktiv sidd oder net) gi vu Quest gespäichert a benotzt.
Quest notzt dës Informatioune just fir Iech Invitatioune fir Ëmfroen ze schécken a fir déi statistesch Auswäertung.
D’Analys vun de Resultater aus den Ëmfroen un deenen Dir Deel geholl hutt, ginn net mat Ärer perséinlecher Identitéit a Verbindung bruecht.
Är Äntwerten zu Ëmfroen op Questions.lu stinn zu kengem Moment a Verbindung mat Ärer E-Mail Adress. Är perséinlech Donnéeën (wei zum Beispill d’Geschlecht, den Alter, d’Nationalitéit, etc.) gi just fir statistesch Zwecker genotzt.
Är Donnéeë ginn net verkaf oder un eng drëtt Partei weiderginn.
Är Donnéeë ginn zu Lëtzebuerg op gesécherte Serveren (Windhof Data Center) gespäichert.
Eis Serveren a Systemer ginn ënnerhale vun der IT Entreprise Ion Network Solutions 9, rue des Romains. L-8041 Bertrange, déi déi selwecht Vertrauens- a Sécherheetsstandarden anhalen ewéi mir.
Mir halen Är perséinlech Donnéeën esou laang wéi Dir bei eis ageschriwwe sidd.
Är Donnéeë gehéieren Iech.
Op Ufro, kritt Dir zu all Moment ëmmer Zougang zu Ären Donnéeën.
Op Ufro, kënne Dir Är perséinlech Donnéeën zu all Zäitpunkt änneren.
Mir kënnen Är perséinlech Donnéeën zu all Moment läschen, wann Dir et wënscht.
Dir kënnt zu all Moment ufroen, dass Är Donnéeë just begrenzt beaarbecht ginn.
Dir kënnt eis, op Ufro, zu all Moment verbidden Är Donnéeën ze beaarbechten.
Op Ufro, kënnen Är Donnéeën zu all Moment un een aneren Verantwortlechen fir den Traitement iwwerdroen ginn.
Op Ufro, kënnt Dir Äert Averständnis bei eisen Ëmfroe matzemaachen zu all Moment zeréckzéien.
Dir kënnt eng Reklamatioun entweder bei den Autoritéiten, déi fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën an Ärem Land zoustänneg sinn, areechen oder hei zu Lëtzebuerg eraginn (Commission Nationale Pour la Protection des Données – CNPD, sise 1, avenue du Rock’n’Roll,L-4361 Esch-sur-Alzette – www.cnpd.public.lu).
Dir kënnt eis weider Froen iwwert d’Changementer vun Äre perséinlechen Donnéeën an d’Ausüben vun Äre Rechter per E-Mail schécken. ()
(Leschte Stand: 15. Juni 2018)
Soubal dir Iech bei eis ageschriwwen hutt, wäerte mir Iech +/- 2 Invitatiounen zu Ëmfroe pro Mount via E-Mail schécken.
Dir kënnt bei all Ëmfro entscheeden ob dir matmaacht oder net.
Heiansdo maache mir spezifesch Ëmfroen un deenen zum Beispill just Fraen oder Männer, just jonk oder just berufflech aktiv Leit drun Deel huele sollen.
Aus deem Grond brauche mir dës Informatiounen, wann Dir Member gitt.